Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek |
Mgr Fernand Franck Jesus Christus... IntraText CT - Text |
|
|
4.
Bewosst hale mer äis d'Uleies vun de
kierchleche Beruffer virun Aen. D'Kierch vu Christus, déi hei zu Lëtzebuerg ass, brauch Priister, Uerdensleit a Laien an de verschiddene kierchleche Beruffssparten, besonnesch an der Pastoral an am Reliounsunterrecht. Mat ville Froen a mat Suerg sti mer virun der Feststellung, datt besonnesch Priisterkandidaten an Aspirante fir d'Uerdensliewen ëmmer méi ausbleiwen. Wat kënne mer, ausser fir Beruffunge bieden, nach maachen? Villes hängt leschtlech vun der gesamter Lokalkierch, also vun äis all, of. All Chrëschten droen zum Gesamtklima an der Kierch bäi, an dëst Klima ass kierchleche Beruffungen entweder förderlech oder abträglich. Wéi situéiere mir äis? Un äis ass et, eis Dafberuffung ze erneieren, d'perséinlech Hellegkeet als prioritär Zil vun eisem Glawesliewen unzestriewen an am Gebiet net nozeloossen. Besonnesch recommandéieren ech d'Gebiet virum Tabernakel, eenzel oder a Gemeinschaft. A firwat net sech dem "monastère invisible" uschléissen, deen eis Pastorale des Vocations gestart huet, ebenfalls fir ëm Beruffer ze bieden. Beruffer - grad och Priisterberuffer, déi mer esou bluttnoutwendeg brauchen - kënnen nëmmen an enger geeschtlecher Atmosphär gedeien, an hei si mir all gefuerdert. Si mir selwer chrëschtlech Idealisten an Optimisten, esou iwwerdréit sech dës Gesënnung och op jonk Mënschen. Nëmmen op engem fruchtbare chrëschtlechen Humus kënne Beruffungen entstoen a wuessen. Jee méi mir Chrëschten all eise Glaf eescht huelen an doraus liewen, ëmsou méi kënne sech dorun dauerhaft kierchlech Engagementer festmaachen. Lieweg kierchlech Gemeinschafte bereeden de Buedem fir Beruffungen. Jong Mënsche si gefuerdert! Un si riichten ech e waarmen Appell, bei der Planung vun hirem Lieweswee Gott net einfach aus dem Spill ze loossen, mä ze lauschteren, ob hien si net vläicht fir den Opbau vu sengem Räich als Aarbechter oder Aarbechterin brauch. Oder als gudde Som, deen hien an d'Mënschheet, an eis Gesellschaft, an eis Kierch séinen an do keime loosse wëllt. Dozou, ofschléissend, en afrikanescht Spréchwuert: "Wo Gott dich hingesät hat, da sollst du blühen." 7. Oktav-Priedegt |
Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek |
Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License |