An der
Welt, awer net vun der Welt
1. Vum
Johannes XXIII. gëtt erzielt, datt en op d'Fro, wat en sech vum
Konzil erwaarde géif, opgestane wäer, en hätt d'Fënster vu sengem Büro
opgemeet a gesot, datt frësch Loft erakënnt. Maache mer eng Fënster op, da
werfe mer och automatesch e Bléck zur Fënster eraus. Am Fong huet d'Kierch
dat um II. Vatikanesche Konzil gemeet. Déi oppe Fënster huet net nëmme
frësch Loft an d'Kierch erabruecht, mä si huet der Kierch och gehollef,
iwwer sech eraus eran an d'Welt ze kucken. D'ënner Erneierung vun der
Kierch an d'Erneierung an hirem Dingscht fir d'Welt waren déi zwee
Käruleies vum Konzil.
Dat II. Vatikanescht Konzil huet gläichsam d'Öffnung vun der Kierch op
d'Welt als déi zentral pastoral Leitlinn erausgestallt. D'Kierch ass net do
fir sech selwer, mä fir d'Mënschen, deenen hiert Liewen sech nun emol an
der Welt ofspillt. De Mënsch, an dat gëllt besonnesch och fir de Chrëscht,
steet der Welt net einfach géigeniwwer wéi engem Objet, zu deem e vu
baussen a Kontakt trëtt, mä en ass selwer "Welt". Heen lieft an der
Welt an
e brauch d'Welt ewéi de Fësch d'Waasser fir ze schwammen an de Villchen
d'Loft fir ze fléien. Der Kierch geet et ëm de Mënsch, heen ass hire Wee an
domat hir raison d'être. Esou ass näischt, iwwerhaapt näischt, wat de
Mënsch betrëfft, der Kierch friem; alles wat de Mënsch betrëfft, betrëfft
och d'Kierch. D'Kierch ass net vun der Welt, mä an der Welt. Hiren Opdrag
huet si vu Gott, mä fir de Mënsch an der Welt. D'Kierch huet e Weltopdrag.
|