Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek
Mgr Fernand Franck
Jesus Christus...

IntraText CT - Text

  • An der Welt, awer net vun der Welt
    • 2
zurück - vor

Hier klicken um die Links zu den Konkordanzen anzuzeigen

2. Dat "wuel an der Welt an net vun der Welt sinn", däerfe mer net
mëssverstoen. Et wäer e falschen Akzent gesat, wa mer dat als eng
Invitatioun zur Weltflucht oder zu engem Net-Eescht-Huele vun den irdesche
Wierklechkeete géife verstoen.
Wann de Jesus bei sengen Ofschidsrieden zu de Jünger sot: "Weil ihr nicht
von der Welt stammt, sondern weil ich euch aus der Welt erwählt habe, darum
hasst euch die Welt", dann ass hei mat "Welt" net eis irdesch Wierklechkeet
als sollech gemengt, mä déi Welt, déi hiren Ursprung vu Gott hir vergiess
huet, déi sech géint Gott an domat géint d'Erléisung verspäert. Eisen
Optrag awer ass et, an dëser eiser Welt d'Räich vum Herrgott opzebauen. Et
ginn an der Welt nach Strukture vun der Sënd a vum Onheel, mä dës Welt ass
awer den Uert, wou sech d'Räich Gottes verwierkleche soll.



zurück - vor

Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek

Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC
IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License