Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek
Mgr Fernand Franck
Jesus Christus...

IntraText CT - Text

  • An der Welt, awer net vun der Welt
    • 4
zurück - vor

Hier klicken um die Links zu den Konkordanzen anzuzeigen

4. Wéi kann si dëser Erausfuerderung gewuess sinn? Aus eegener Kraaft
bréngt si et net fäerdeg. Et gëtt nëmmen ee Wee, an deen heescht JESUS
CHRISTUS, deen deeselwechten ass, gëschter, haut an éiweg. Heen ass dat
Wuert vu Gott, dat Gott selwer virun 2000 Joer an dës Welt erageschwat
huet, an dat heen duerch d'Mënschginn vu Christus bestännech der Welt
zourifft. Duerch heen huet Gott äis säin eegent Liewe geschenkt, fir datt
mer dëst Liewe matenee liewen. Wa mer dat matenee machen, da kënne mer eng
Äntwert op d'Froe vun de Mënsche ginn, déi op der Sich no dem Sënn vun
hirem Liewe sinn. Déi Mënsche begéinen dann engem geliefte Glawen, deen
usprécht. En ass d'Resultat vun der Eenheet vun deenen, déi sech op
Christus beruffen. Am Fong lafen d'Linne vum ganzen Evangelium am Gebiet vu
Christus zesummen, wéi mer et am Johannesevangelium fannen: "Looss se all
eens sinn, wéis du, Papp, a mär an ech an där, fir datt d'Welt gleeft."
Déi Eenheet ass eng Viraussetzung fir d'gleefwierdegt Wierke vun der Kierch
an der Welt an un der Welt, och an eiser Zäit. Dës Eenheet muss realiséiert
ginn an eise kierchleche Gemeinschaften, d'Eenheet zwëschen de verschidden
a wäitgefächerten Dingschter an der Kierch, d'Eenheet zwësche Geeschtlech a
Laien, d'Eenheet am Presbyterium, d'Eenheet an der Kierch, iwwert de
réimesch-kathoulesche Beräich eraus, d'Eenheet ënnert allen, déi u Gott
gleewen. Et ass dat eng gewalteg Aufgab! Si kann nëmmen als Geschenk vu
Gott hir geschéien. Si kann net mat Programme verwierklecht ginn, esou fein
déi och ausgeduecht wieren. Si kann nëmme geschéien duerch d'Liewen aus dem
Glawen, deen äis gemeinsam geschenkt ass, an dee mer duerch eis Eenheet
ënnertenee weiderschenken.



zurück - vor

Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek

Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC
IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License