Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek |
Mgr Fernand Franck Jesus Christus... IntraText CT - Text |
|
|
2.
Esou ewéi deemols de Jesus déi Krank
ugekuckt huet, esou rout säi Bléck elo op iech. Awer net nëmme säi Bléck rout op iech, hee beréiert iech och. Well et ass heen, deen iech duerch d'Hand vum Geeschtleche beréiert an iech zu Hëllef kënnt. Och wann dir net vun der Krankheet oder dem Behënnertsi geheelt gitt, sou schenkt en iech dach seng Kraft a seng erbaarmend Léift duerch d'Sakrament vun der Krankensalbung. Bei der Salbung gëtt den Uelech benotzt, deen an der Helleger Woch geseent gouf. Duerch dës Wei huet Gott gläichsam d'Hand op den Uelech geluecht, fir en zu sengem Instrument ze maachen an duerch dësen Uelech dem Mënsch sichtbar a fillbar säin Erbaarmen ze schenken. De Priister hëlt den Uelech fir iech ze salben. En hëlt en awer net ewéi en Doktor oder eng Infirmière oder en Infirmier eng Saalef hëlt. De Priister kritt dësen Uelech geschenkt. Et ass en Zeeche vun der Zouwendung vu Gott zum Mënsch hin. De Priister handelt an der Persoun vu Christus, wann en iech mat dem Uelech salbt. Op d'Stir gitt der gesalbt. Mat der Stir ass déi geeschteg Dimensioun vum Mënsch gemengt, do wou de Mënsch denkt, plangt an entscheed. D'Hänn sti fir de Mënsch deen upaakt, zougräift, mä déi en awer och zu Gott erhiewe kann, fir seng Hëllef unzeruffen an him merci ze soen. Esou steet d'Stir an stin d'Hänn stellvertriedend fir de ganze Mënsch. De ganze Mënsch ass krank, duerfir soll de ganze Mënsch vum hellegen Uelech erfaasst ginn. Mä d'Haltung vu Gott, deen a Jesus Christus fir d'Mënsche Mënsch ginn ass, gëtt am Gebiet duerch d'Wieder "in seinem reichen Erbarmen" charakteriséiert. Heen ass dee groussen Erbaarmer, deen aus sengem Ënnerste mat dem Mënsch matfillt. An da gëtt déi gëttlech Hëllef nach charakteriséiert duerch d'Wierder: "Er stehe dir bei mit der Kraft des Heiligen Geistes." Duerch d'Geschenk vum Hellege Geescht kënnt Gott op är Säit fir iech opzeriichten, fir iech ënnerlech Kraaft ze ginn, sou dass der net braucht ze verzweifelen. D'Krankensalbung riicht sech un de ganze Mënsch. Et geet dobäi ëm seng kierperlech a geeschteg Heelung, ëm seng kierperlech a geeschteg Nout aus där Gott en erausféieren wëllt, eran an d'Fräiheet vun de Kanner Gottes. |
Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek |
Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License |