Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek
Mgr Fernand Franck
Jesus Christus...

IntraText CT - Text

  • Zäit vu Christus - Zäit vun der Kierch
    • 1
zurück - vor

Hier klicken um die Links zu den Konkordanzen anzuzeigen

Zäit vu Christus - Zäit vun der Kierch
1. An der Mariekapell am Doum zu Münster a Westfalen ass e Bild, dat op den
éischten Abléck ganz merkwürdeg erschéngt. D'Jünger vum Jesus kucke géint
den Himmel. Vum Jesus selwer gesi mer op dem Bild awer nëmmen den
ënneschten Deel vu sengem Gewand a seng Féiss. Op den éischte Bléck ass
engem net ganz kloer, op et e Bild vun der Himmelfahrt ass oder eng
Duerstellung vu Christus ass, deen erëmkënnt. Esou eng ähnlech Duerstellung
fanne mer och an enger Chouerfënster vun eiser Kathedral.
Dëst Bild werft e Liicht op eis Situatioun. Mer liewen an der Zäit zwëschen
dem éischte Komme vu Jesus Christus a senger Himmelfahrt engersäits, a vu
sengem Erëmkommen an Herrlechkeet anerersäits. Et kéint een déi Zäit
bezeechnen, wéi emol ee gesot huet, "vom kommenden Herrn her auf den
kommenden Herrn hin".




zurück - vor

Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek

Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC
IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License