Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek |
Mgr Fernand Franck Jesus Christus... IntraText CT - Text |
|
|
2.
Dat ass déi Zäit, an där mer liewen.
Et ass d'Zäit vun der Kierch, déi op den erëmkommende Christus ausgeriicht ass. Si ass op dem Wee duerch d'Zäit a geet op deem Wee dem kommende Christus entgéint. D'Äntwert vum Vollek op de Ruf "Geheimnis des Glaubens" an der Massfeier gräift dës Perspektive op: "Deinen Tod, o Herr, verkünden wir und deine Auferstehung preisen wir, bis du kommst in Herrlichkeit." Zwëschen dem Fortgoe vu Christus a sengem Erëmkomme muss d'Kierch hiren Opdrag erfëllen, nämlech alle Mënschen déi gutt Nouvelle vun der Erléisung ze verkënnechen. Leschten Enns ass et Jesus, deen an der Kierch um Wierk ass. T'ass Christus, wéi et an engem Lidd heescht: "Du schreitest durch die Zeit in deiner Kirche Pilgerkleid." Et ass Jesus Christus - gëschter, haut an éiweg. |
Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek |
Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License |