Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek
Mgr Fernand Franck
Jesus Christus...

IntraText CT - Text

  • Zäit vu Christus - Zäit vun der Kierch
    • 3
zurück - vor

Hier klicken um die Links zu den Konkordanzen anzuzeigen

3. D'Kierch huet eng gëttlech Missioun, déi si awer an engem mënschleche
Pilgerkleed duerch d'Joerhonnerten erduerch erfëllt huet. Si huet hir
Missioun erfëllt duerch d'Mënschen. An déi Mënsche si mär haut, Geeschtlech
a Laiechrëschten.
D'Kierch muss an enger duebeler Trei stoen, fir hirem Opdrag gerecht kënnen
ze ginn.
Trei zu Jesus Christus an Trei zu de Mënschen, fir déi si do ass. Déi Trei
verlaangt vun der Kierch, datt si sech ëmmer erëm besënnt, wat si ze
verkënnegen huet a wiem si et verkënnege muss. Esou muss si hir éiweg
Wourecht ëmmer an en neit Pilgerkleed stiechen.
D'Kierch huet sech an enger Besënnung, déi bis elo an der Kierchegeschicht
eemoleg war, nei hirer Sendung um II. Vatikanesche Konzil gestallt. Eng vun
de wichtegste Konstitutiounen (Gaudium et spes), déi d'Sendung vun der
Kierch an der Welt vun haut beschreift, geet mat de programmatesche Wieder
un: "Freude und Hoffnung, Trauer und Angst der Menschen von heute,
besonders der Armen und Bedrängten aller Art, sind Freude und Hoffnung,
Trauer und Angst der Jünger Christi. Und es gibt nichts wahrhaft
Menschliches, das nicht in ihrem Herzen seinen Widerhall fände." 
Fir där Consigne gerecht ze ginn, hu mer och als Kierch, déi zu Lëtzebuerg
ass, an deene vergaangene Joeren eng grouss Reflexioun ugestallt. Mer hu
versicht, op d'Mënschen ze lauschteren an op hir Froen anzegoen, fir hinnen
zu Déngscht ze sinn. Duefir hu mer Pastoralprioritéiten opgestallt, déi ech
op engem groussen Diözesanfest, um Fest vun der Allerhellegster
Dräifaltegkeet, um Graf vum hellege Willibrord a Kraaft wäert setzen. Si
sinn eis Leitlinne fir déi kommend Joeren.



zurück - vor

Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek

Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC
IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License