Trei am
Glaf, wéi Maria ënnert dem Kräiz
1. An eisem
Oktavevangelium, dat äis elo grad verkënnegt gouf, fanne mer
Maria ënnert dem Kräiz. Wéisou gëtt grad, wa mer - wéi an der Oktav -
festlech gestëmmt sinn, grad dëst eescht Evangelium äis verkënnegt? Wéisou
gëtt Maria äis grad an dëser Héichzäit vu kierchlechem Liewen zu Lëtzebuerg
an där Situatioun virun Ae gefouert, wou si am meeschte gelidden huet, jo
wou si gläichsam d'Verloossenheet vun hirem Jong aus déifstem Mammenhäerz
mat erlidden an duerchgestanen huet? Jo, wat ka Maria äis grad an dëser
Situatioun fir déi Kierchestonn an där mer stinn, soen? Wou läit hei fir
äis de Message vun Encouragement, vun Trouscht?
Bedenke mer, datt um Ursprung
vun eiser Oktav Honger, Pescht an
Ënnerdréckung stongen. Wéi d'Stad a spéider d'Land Maria zur Patréinesch
erwielt hunn, konnten si sech an dëser Situatioun mat Maria
identifizéieren. Maria ënnert dem Kräiz ass d'Zeechen an d'Beispill vun der
Trei am Glawen - Trei vu Gott zu äis an Trei vun äis him vis-à-vis! Grad
haut, wou eise Glawen esou villen Ufechtungen ausgesat ass, kann de Bléck
op Maria äis Kraft ginn, fir durchzehalen.
|