Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek
Mgr Fernand Franck
Jesus Christus...

IntraText CT - Text

  • Trei am Glaf, wéi Maria ënnert dem Kräiz
    • 2
zurück - vor

Hier klicken um die Links zu den Konkordanzen anzuzeigen

2. Déi éischt Karmeliten haten um Bierg Karmel am Hellege Land hir Häipen
am Krees ëm e Muttergotteshellegtum gebaut. Den Zweck dovu war, fir Maria
net aus dem Bléck ze verléieren, fir si bestännech virun sech ze hunn. Et
ass nun emol esou, dass dat, wat mer am A hunn, äis prägt an äis formt. An
esou solle mer äis vu Maria, déi ënnert dem Kräiz steet, präge loossen.
D'Evangelie beriichten äis, wéi de Glaf vun de Jünger vum Jesus, duerch dat
wat sech ofgespillt huet, an d'Wanke komm war. D'Vollek, dat dem Jesus bei
sengem Anzug a Jerusalem zougejubelt hat, huet sech duerch eng raffinéiert
Propaganda vum Jesus ofbrénge gelooss. A senger Stonn war et net bei him. A
vun de Jünger, déi him gefollegt sinn, stung nëmmen een ënnert dem Kräiz,
de Johannes. De Péitrus, dee geschwuer hat, mat dem Jesus duerch déck an
dënn ze goen, hat e verleegent; hien hat behaapt, heen net ze kennen an net
zou him ze gehéieren. An de Judas hat en esouguer, wéinst Geld, verroden.
Mä och déi aner sinn net do. Ënnert dem Kräiz awer steet Maria, si ass trei
bliwwe bis eran a seng lescht Stonn.
Wéi hätte mir gehandelt a wéi handele mer haut? Och haut schwätzt
d'öffentlech Meenung net ëmmer fir Jesus Christus a seng Kierch. Jo der
Kierch schléit schon en äiskale Wand entgéint. Eng geziilte Propaganda
versicht och haut, d'Kierch ze diskriminéieren an d'Mënsche vu Christus
ofspensteg ze maachen. Jo, wéivill Chrëschten ergeet et wéi dem Péitrus,
déi haut eleng an enger net vum Evangelium geprägter Ëmwelt liewe mussen.
Wéi reagéiren si? Reagéiren se wéi de Péitrus oder bekennen se hir Trei
ewéi Maria zu Christus? Loosse mer Christus am Stach, wann dat äis Nodeeler
bréngt? Verrode mer en net och wéinst materielle Virdeeler?
Mä d'Ufechtungen, déi vu banne kommen, kënne grad esou geféierlech sinn
ewéi déi vu baussen. D'Däischtert an eisem Liewen, Momenter wou mer esou
wéineg vu Gott spiren, kënnen derzou féieren, u Gott ier ze ginn. Aanescht
awer bei Maria: An der däischterer Stonn am Liewe vun hirem Jong steet si
zou him. Si ass trei. An dës Trei ass méiglech, wëll se gedroe war vun der
Léift. D'Léift ass stark, si kennt keng Virbehalter, si gëtt Kraaft a Mutt.
Esou soll d'Trei vu Maria zu hirem Jong och fir äis en Impuls sinn.
Standhaftegkeet, Ausdauer an Trei am Glawe sinn haut besonnesch gefuerdert
- an och ugefecht.



zurück - vor

Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek

Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC
IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License