I.
Mer sin an der onmëttelbarer Viirberedung op d’Joer 2000. Dëst lescht Joër
virum grousse Jubiläum kukke mer op Gott, eise Papp am Himmel. Op hien besënne
mer äis nom Christusjoër an nom Joër vum Hellege Geescht, well duurch Christus
an am Hellege Geescht fanne mer Gemeinschaft mat him.
Christus huet äis geléiert, Gott als Papp unzegesin an hien esou
unzerieden. De jüdesche Reliounsphilosoph Martin Buber huet emol sënngeméiss
gesot: "Wann ët Gott wier, vun deem een nëmme schwätze kënnt, da
giff ech nët un e glewen. Well et awer e Gott as, un deen een sech am
Gespréich riichte kann, glewen ech un hien." Dat as wichteg: Gott, eisem
Papp, kënne mer äis uvertrauen, mer kënnen him am Gebied alles soen. A wa mer
hien ëm séng Hëllef bieden, da si mer gewëss, dass dat Gebied ukënnt, dass dat
hie betraffe mécht an dass hien zou äis steet.
As Gott eise Papp, da läit doran d'Gewëssheet, dass Gott jidderee vun äis
immens gär huet. "Mat éiweger Léift hun ech dech gär!" (Jer 31,3)
Dëse Saz as wouer fir äis allegurten. Gott wëllt Kontakt hu mat äis: mat dir
perséinlech! Gott rifft dech, Gott huet dech a säin Häerz geschloss, Gott dréit
dech a sénger Hand, Gott huet dech erwielt, an zwar laang éier's du hien
erwielt hues.
D'Europa-Synod vun 1991 hat folgend Kuurzformel vun eisem Glaf geprägt:
"Gott huet dech gär. Christus as fir dech komm." Dat
as d'Léift par excellence: Gott huet säin eegene Jong bei äis geschéckt, fir
äis ze erléisen a fir bei äis ze sin bis un d’Enn vun der Welt. Gott as
d'Léift. Dat as déi grouss Revolutioun, déi mer Chrëschten der Welt haut gi
mussen. Dat as dat Neit Gebot, dat säi Jong Jesus Christus äis gët. Loosse mer,
andeems mer op déi iwweraus grouss Generositéit vum Papp am Himmel kukken, all
Berechnungen op der Säit loossen an d'Léift versichen ze liewen esou wéi hien,
gratis an ouni no Profit ze kukken. "Sidd perfekt wéi äre Papp am Himmel
perfekt as", seet Christus (Mt 5,48).
Gott huet äis fir d'éischt gär. De Johannes Bours, fréiere
Spiritual am Seminaire zu Münster, huet sech ausenanergesat mat dem Thema
"Die Kunst, sich in Gott zu verlieben". An hie stellt fest, dass et
dobäi am Fong manner ëm "die Kunst, sich in Gott zu verlieben" geet,
a villméi ëm "die Kunst, sich von Gott lieben zu lassen". Wéi geet
dat, a Gott verléift sin? Et wäert wuel esou goen, wéi et och soss geet, wann
ee verléift as: Et muss een sech treffen, et muss een sech austauschen, et muss
een oft zesummesin. Duefir sollte mer de Kontakt mam Härgott sichen a flegen:
an der Eucharistie, an denen anere Sakramenter, beim Deele vu séngem Wuert,
duurch eisen Asaz fir den Nächsten... Misste mer nët sensibel gin fir d'Zeeche
vun Zouwendung, déi Gott äis ëmmer erëm schenkt, a fir séng Liebeserklärung,
déi doranner zum Ausdrock kënnt?
Dëst Joër vu Gott, eisem Papp, weist äis hin op d'Léift vum Härgott. Esou
gi mer invitéiert, nët aus der Selbstbehaaptung, nët aus dem Striewen no
eegener Autonomie an dem Wuelergoen d'Haaptzil vum Liewen ze maachen, mä fir op
déi éischt Plaz Gott ze setzen. Zu dëser Konversioun rifft hien äis op: vun äis
ofzegesin a Gott an de Mëttelpunkt ze stellen - dee Gott, deen d'Léift as.
|