II.
D'chrëschtlech Léift, Schwësteren a Bridder, huet nët nëmmen eng
Direktioun. Se as op Gott ausgeriicht, awer och op eisen Nächsten. Gottesléift
an Nächsteléift sin nët vunenaner ze trennen, dat geet aus dem Jesus sénger
Léier an aus séngem Verhalen ervir. Dës duebel Léift as de Kär vum Evangelium.
Gott gären hun, deen d'Léift as, a séng Léift duurch eis Léift beäntwerten;
eisen Nächste gär hun an äis ënnerenaner gär hun: Maache mer dëst zum Fundament
vun eisem Liewen. Heifir wëlle mer neie Mutt schäffen!
Sollte mer nët doraus e konkrete Programm maachen, all Dag, all Moment?
D‘Léift kann sech ausdrécken a klengen, alldeeglechen Gesten a Servicer - oder
a méi laangfristegen Engagementer. Misst een nët heirun eis chrëschtlech
Iwwerzeegung erkennen a moosse kënnen? "Kukkt, wéi sin se frou mateneen!"
Dat war d‘Visitekaart vun der éischter Kiirch. Brauch et nët och haut Zeie vun
dëser Léift? Hei droe mir alleguer Responsabilitéit. Wa mir eise Matmënschen e
Bild vum Härgott vermëttelen, an deem sech séng Zouneigung ausdréckt a wou se
erfuerbar gët, da kënnen och vill vun eisen Zäitgenossen Feier fänken an
hirersäits bereet gin fir en Asaz, deen dës Léift weiderschenkt - am Numm vun
deem Gott, deen d'Léift as.
Als éischt solle mir gär hun, ëmmer an an all Moment solle mir d'Initiativ
vis-à-vis vum Matmënsch ergräifen, an zwar vun all Matmënsch ouni
Ennerscheed. D'Léift reagéiert nët eréischt op d'Léift vun deem aneren.
Schléisslech geet ët em folgendes: sech mat deem aneren eens maachen, dat
heescht op hie lauschteren fir en ze verstoen, fir him zu Dingscht ze sin. Dëst
as de Géigendeel vun enger Léift, déi possessiv oder utilitaristesch, dat
heescht reng op den Notzen ausgeriicht wier.
Alles wäert eng Kéier vergoen, mä d'Léift bleiwt bestoen. A wann alles ging
zerbriechen, wat mer an eisem Liewen opgeriicht hun - a wann et duurch en
Äerdbeben op ee Coup ging zerstéiert gin - d'Léift, aus deër eraus mer et gemat
hun, as onzerstéierbar. Näischt vun deem, wat mer an deër Gesennung gemat hun,
as verluer, mä et gët eng Kéier definitiv heemgeféiert. Alles, wat Léift as a
wat aus Léift geschitt as, verwandelt sech an Eiwegkeet.
|