III.
Gott as de Papp vun alle Mënschen. Also geet et drëm, esou wéi hien
jidderee gär ze hun. Déi echt Léift as universal a kennt keng Ausnahm. Si gëlt
dem konkrete Mënsch, deen äis géigeniwwer steet. Si beviirdelegt awer deen,
deen an Nout as. Dat gëlt besonnesch fir déi Mënschen, déi um Rand vun der
Gesellschaft stin, déi ënnert irgend engem Aspekt aarm sin. Déi viirrangeg
Léift fir déi Aarm a fir d’Leit aus Randgruppen erschéngt méi wéi je als
Prioritéit fir déi kommend Zäit.
De Poopst Jean Paul II. fuerdert äis op, andeems en sech op dat
aaltestamentlecht Jubeljoer berifft, d’Jubiläum vum Joer 2000 ze notzen als eng
Zäit fir déi international Scholden ze iwwerpréifen an denen aarme Länner dës
Scholden ze erloossen. Watfir Efforen ka Lëtzebuerg als eent vun de räichste
Länner vun der Welt do maachen - am Numm vun der Solidaritéit mat de manner
bemëttelte Vëlker an opgrond vun enger moralescher Flicht, déi mer vis-à-vis
vun der grousser Mënschheetsfamill droen? Gären ënnerstëtzen ech déi
Sensibiliséirungskampagne, déi verschidde kiirchlech Organisatiounen
lancéieren, fir dës Iddi vum Scholdenerlass konkret gin ze loossen.
Alleguer si mer um Wee fir bei de Papp. An deem Mooss, wéi mer Gott no
kommen, leë mer äis Rechenschaft doriwwer of, wéi wäit mer äis vun him hun
ewechdreiwe loossen. Dohir ënnersträicht d’Joër vu Gott, eisem Papp, och den
Aspekt vun der Emkéier. D’Emkéier (d’Konversioun) as eng wiesentlech
chrëschtlech Haltung a Praxis. Si ka geschéien, wa mer eis Sënde vun Häerze
bereien, wa mer Guddes din, d’Wuert Gottes lauschteren oder meditéieren an
d’Sakramenter empfänken. Déi déifste Form vu Bekéierung as awer déi, déi äis am
Sakrament vun der perséinlecher Beicht geschenkt gët: Do gët d’Gleichnës vum
"Verlorene Sohn" fir jidderee vun äis perséinlech aktuell, do gi mer
op en neits no eisem Versoen an d’Gebuergenheet vum Papp am Himmel opgeholl.
Esou wéi Gott äis vis-à-vis barmhäerzeg as, esou sin och mir opgeruff, säi
Verhalen weiderzeféieren. Verzeihung a Verséinungsbereetschaft ze liewen, as
nët einfach, et as awer fir äis Chrëschten en Imperativ. Versiche mer een op
den aneren zouzegoen, och op deen, deen äis wéigedoen huet. A biede mer ëm
d‘Kraaft fir dësen éischte Schrett. Vläicht gët ët méi liicht, wa mer am Gebied
positiv un déijéineg denken, déi mer als Feind empfannen. Empfiele mer si an
äis dem Härgott séngem Wuelwëllen.
Nëmme wa mer äis bekéiere loossen, komme mer deem Gott, deen d’Léift as,
méi no; nëmmen esou kann dat Gutt an äis Raum gewannen. An och nëmmen esou kann
d’Zivilisatioun vun der Léift vum chrëschtleche Glaf ausgoen an an der Welt
Gestalt unhuelen. Dat sollt eise Bäitrag fir d’Mënschheet vu moar sin.
|