IV.
Léif Schwësteren a Bridder! Am Credo ruffe mer Gott un als den
Allmächtegen, deen Himmel an Äerd geschaf huet. Dëse Schöpfergott seet Jo zu
äis. D'Geschicht vun der Welt as d'Geschicht vum Jo vu Gott zu sénge Kreaturen,
besonnesch zu séngem Lieblingswiesen, dëm Mënsch. Säi Jo zur Schöpfung huet äis
ewerhaapt eréischt an d'Liewe geruff: Déi éischt Säite vun der Bibel soen äis
dat. An um Héichpunkt vun der Zäit gouf dëst göttlecht Jo-Wuert un d'Adress vum
Mënsch ganz konkret: Gott selwer huet säi Jo a Jesus Christus ausgesprach, an
zwar héchst perséinlech. "Well Gottes Sonn, Jesus Christus... as d'Jo zu
allem, wat Gott versprach huet. An him as dat Jo verwiirklecht" (2 Kor
1,19): d‘Jo zu Welt a Mënsch, d‘Jo zu jidderengem vun äis eenzel. Dohir as och
d'chrëschtlech Liewesastellung déijéinech vum Jo: Jo zu Gott, Jo zur Welt, Jo
zum Matmënsch, Jo zu äis selwer - Jo, esouguer nach, wann all d'Zeechen op Neen
stin. Dëse Jo as de roude Fuedem vun eisem Glaf. Misste mer nët, andeems mer
doriwwer nodenken, neess méi optimistesch gin a méi Freed um Liewe fannen?
Vergiesse mer iwwert all eise Suergen nët, dass Gott, eise Papp, äis als séng
Kanner ugeholl huet an äis zudéifst gär huet - a Christus. Aus dëser Léift
eraus brénge mer dann alles fäerdeg!
D'Kiirch as d'Vollek vu Gott, dat ënnerwee as. All zesummen si mer op der
Pilgerschaft bis an d’Haus vun eisem Papp. Mer sin ënnerwee als Chrëschten,
zesumme mat Mënschen, déi anescht oder nët glewen wéi mär. De Poopst réit un,
grad an dësem Joër den Dialog mat denen anere Reliounen ze sichen, besonnesch
mat dene vun der monotheistescher Famill, déi de Glaf un deen een Gott mat äis
delen, virun allem also Judden a Muslim. Huele Verstännegung, Dialog an
Zesummenaarbecht ënnerenaner zou, dann as domat och der Gesellschaft an hirer
Kultur e Friddensdéngscht geleescht.
Fir d’Kiirch zu Lëtzebuerg as dëst Joer datjéinegt vun der grousser
Diözesanversammlung. Déi ënnerlech Reform an eiser Kiirch empfielen ech eisem
Gebied, fir dass Gott äis de Wee an d’Zukunft weist, deen hien mat äis goe
wëllt; fir dass säi Räich ënnert de Mënsche wuesse kann.
Dëst soll Maria, eis Patréinesch, äis erwiirken. Si as dat
perfekt Beispill vu Léift vis-à-vis vu Gott a vum Nächsten. Dës
Léift vun eiser Mamm kënnt äis zugutt, well si trëtt fir äis an. Si weist äis,
wéi een Mënschen a wéi een Gott gären huet. Erfëlle mer, esou wéi si, säin
hellege Wëllen, andeems mer duurch d’Zäit pilgeren, bis mer eng Kéier an der
éiweger Vollendung ukommen.
Lëtzebuerg, um Fest vun der Bekéierung vum Hellege Paulus,
de 25. Januar 1999
+ Fernand Franck
Erzbëschof vu Lëtzbuerg
|