Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek |
Mgr. Fernand Franck Papp am Himmel IntraText CT - Text |
|
|
I. Mer sin an der onmëttelbarer Viirberedung op d’Joer 2000. Dëst lescht Joër virum grousse Jubiläum kukke mer op Gott, eise Papp am Himmel. Op hien besënne mer äis nom Christusjoër an nom Joër vum Hellege Geescht, well duurch Christus an am Hellege Geescht fanne mer Gemeinschaft mat him. Christus huet äis geléiert, Gott als Papp unzegesin an hien esou unzerieden. De jüdesche Reliounsphilosoph Martin Buber huet emol sënngeméiss gesot: "Wann ët Gott wier, vun deem een nëmme schwätze kënnt, da giff ech nët un e glewen. Well et awer e Gott as, un deen een sech am Gespréich riichte kann, glewen ech un hien." Dat as wichteg: Gott, eisem Papp, kënne mer äis uvertrauen, mer kënnen him am Gebied alles soen. A wa mer hien ëm séng Hëllef bieden, da si mer gewëss, dass dat Gebied ukënnt, dass dat hie betraffe mécht an dass hien zou äis steet. As Gott eise Papp, da läit doran d'Gewëssheet, dass Gott jidderee vun äis immens gär huet. "Mat éiweger Léift hun ech dech gär!" (Jer 31,3) Dëse Saz as wouer fir äis allegurten. Gott wëllt Kontakt hu mat äis: mat dir perséinlech! Gott rifft dech, Gott huet dech a säin Häerz geschloss, Gott dréit dech a sénger Hand, Gott huet dech erwielt, an zwar laang éier's du hien erwielt hues. D'Europa-Synod vun 1991 hat folgend Kuurzformel vun eisem Glaf geprägt: "Gott huet dech gär. Christus as fir dech komm." Dat as d'Léift par excellence: Gott huet säin eegene Jong bei äis geschéckt, fir äis ze erléisen a fir bei äis ze sin bis un d’Enn vun der Welt. Gott as d'Léift. Dat as déi grouss Revolutioun, déi mer Chrëschten der Welt haut gi mussen. Dat as dat Neit Gebot, dat säi Jong Jesus Christus äis gët. Loosse mer, andeems mer op déi iwweraus grouss Generositéit vum Papp am Himmel kukken, all Berechnungen op der Säit loossen an d'Léift versichen ze liewen esou wéi hien, gratis an ouni no Profit ze kukken. "Sidd perfekt wéi äre Papp am Himmel perfekt as", seet Christus (Mt 5,48). Gott huet äis fir d'éischt gär. De Johannes Bours, fréiere Spiritual am Seminaire zu Münster, huet sech ausenanergesat mat dem Thema "Die Kunst, sich in Gott zu verlieben". An hie stellt fest, dass et dobäi am Fong manner ëm "die Kunst, sich in Gott zu verlieben" geet, a villméi ëm "die Kunst, sich von Gott lieben zu lassen". Wéi geet dat, a Gott verléift sin? Et wäert wuel esou goen, wéi et och soss geet, wann ee verléift as: Et muss een sech treffen, et muss een sech austauschen, et muss een oft zesummesin. Duefir sollte mer de Kontakt mam Härgott sichen a flegen: an der Eucharistie, an denen anere Sakramenter, beim Deele vu séngem Wuert, duurch eisen Asaz fir den Nächsten... Misste mer nët sensibel gin fir d'Zeeche vun Zouwendung, déi Gott äis ëmmer erëm schenkt, a fir séng Liebeserklärung, déi doranner zum Ausdrock kënnt? Dëst Joër vu Gott, eisem Papp, weist äis hin op d'Léift vum Härgott. Esou gi mer invitéiert, nët aus der Selbstbehaaptung, nët aus dem Striewen no eegener Autonomie an dem Wuelergoen d'Haaptzil vum Liewen ze maachen, mä fir op déi éischt Plaz Gott ze setzen. Zu dëser Konversioun rifft hien äis op: vun äis ofzegesin a Gott an de Mëttelpunkt ze stellen - dee Gott, deen d'Léift as.
|
Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek |
Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License |