Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek
Mgr. Fernand Franck
Papp am Himmel

IntraText CT - Text

  • III.
zurück - vor

Hier klicken um die Links zu den Konkordanzen anzuzeigen

III.

Gott as de Papp vun alle Mënschen. Also geet et drëm, esou wéi hien jidderee gär ze hun. Déi echt Léift as universal a kennt keng Ausnahm. Si gëlt dem konkrete Mënsch, deen äis géigeniwwer steet. Si beviirdelegt awer deen, deen an Nout as. Dat gëlt besonnesch fir déi Mënschen, déi um Rand vun der Gesellschaft stin, déi ënnert irgend engem Aspekt aarm sin. Déi viirrangeg Léift fir déi Aarm a fir d’Leit aus Randgruppen erschéngt méi wéi je als Prioritéit fir déi kommend Zäit.

De Poopst Jean Paul II. fuerdert äis op, andeems en sech op dat aaltestamentlecht Jubeljoer berifft, d’Jubiläum vum Joer 2000 ze notzen als eng Zäit fir déi international Scholden ze iwwerpréifen an denen aarme Länner dës Scholden ze erloossen. Watfir Efforen ka Lëtzebuerg als eent vun de räichste Länner vun der Welt do maachen - am Numm vun der Solidaritéit mat de manner bemëttelte Vëlker an opgrond vun enger moralescher Flicht, déi mer vis-à-vis vun der grousser Mënschheetsfamill droen? Gären ënnerstëtzen ech déi Sensibiliséirungskampagne, déi verschidde kiirchlech Organisatiounen lancéieren, fir dës Iddi vum Scholdenerlass konkret gin ze loossen.

Alleguer si mer um Wee fir bei de Papp. An deem Mooss, wéi mer Gott no kommen, leë mer äis Rechenschaft doriwwer of, wéi wäit mer äis vun him hun ewechdreiwe loossen. Dohir ënnersträicht d’Joër vu Gott, eisem Papp, och den Aspekt vun der Emkéier. D’Emkéier (d’Konversioun) as eng wiesentlech chrëschtlech Haltung a Praxis. Si ka geschéien, wa mer eis Sënde vun Häerze bereien, wa mer Guddes din, d’Wuert Gottes lauschteren oder meditéieren an d’Sakramenter empfänken. Déi déifste Form vu Bekéierung as awer déi, déi äis am Sakrament vun der perséinlecher Beicht geschenkt gët: Do gët d’Gleichnës vum "Verlorene Sohn" fir jidderee vun äis perséinlech aktuell, do gi mer op en neits no eisem Versoen an d’Gebuergenheet vum Papp am Himmel opgeholl.

Esou wéi Gott äis vis-à-vis barmhäerzeg as, esou sin och mir opgeruff, säi Verhalen weiderzeféieren. Verzeihung a Verséinungsbereetschaft ze liewen, as nët einfach, et as awer fir äis Chrëschten en Imperativ. Versiche mer een op den aneren zouzegoen, och op deen, deen äis wéigedoen huet. A biede mer ëm d‘Kraaft fir dësen éischte Schrett. Vläicht gët ët méi liicht, wa mer am Gebied positiv un déijéineg denken, déi mer als Feind empfannen. Empfiele mer si an äis dem Härgott séngem Wuelwëllen.

Nëmme wa mer äis bekéiere loossen, komme mer deem Gott, deen d’Léift as, méi no; nëmmen esou kann dat Gutt an äis Raum gewannen. An och nëmmen esou kann d’Zivilisatioun vun der Léift vum chrëschtleche Glaf ausgoen an an der Welt Gestalt unhuelen. Dat sollt eise Bäitrag fir d’Mënschheet vu moar sin.




zurück - vor

Index | Wörter: alphabetisch - Frequenz - rückläufig - Länge - Statistik | Hilfe | IntraText-Bibliothek

Best viewed with any browser at 800x600 or 768x1024 on Tablet PC
IntraText® (V89) - Some rights reserved by EuloTech SRL - 1996-2007. Content in this page is licensed under a Creative Commons License